50. Jubiläum vun der Entente des Sociétés Meechtem

D’Entente des Sociétés Meechtem feiert dëst Joer hiren 50. Jubiläum.

Aus dësem Grond hu mir décidéiert eng speziell a limitéiert Crémantskapsel ze krééieren.

Dir huet déi eemoleg Geleeënheet,  Crémant vun onsen 3 lokalen Wënzer, Domaines VINSMOSELLE, SCHLINK Domaine Viticole & Domaine Viticole PUNDEL-HOFFELD, mat der limitéierter Kapsel ze kafen.

Et sinn just 500 Fläschen disponibel.

Mir wieren frou wann dir ons ënnerstëtzt andeems dir e puer Fläschen Crémant fir 13 EUR d’Fläsch kaaft.

Dir kënnt är Bestellung, mat ärem Numm, Telefonsnummer, Unzuel vun Fläschen an Numm vum Wënzer (vun den Wënzer), un den Marc Goergen mailen :  myma@pt.lu.

Dir kéint och mat dem Formular bestellen.