ANNULATIOUN VUM 2021 ROCK DE SCHLEEK AN DEM DÄITSCH-LËTZEBUERGER WÄINHAPPENING


Ob Grond vu der aktueller Situatioun ronderëm d‘ Corona Pandemie an der Annulatioun vun allen däitsche Festivitéite bis den 31. August 2020 huet d‘ Entente des Sociétés Meechtem decidéiert fir den däitsch-lëtzebuerger Wäinhappening vum 23. August 2020, dat déi Meechtemer all Joers mat hire däitsche Nopere vu Nëttel feieren, ze annuléieren.

Zesumme mat der Union des Jeunes Meechtem gouf och decidéiert fir all aner Evenementer déi an desëm Kader sollten gefeiert ginn of ze soen. Demno falen dëst Joer och de Vernissage vun der Konschtaustellung de 19. August 2020 an de Rock de Schleek vum 21. August 2020 aus.

Mir bieden ëm äre Versteesdemech a freeën eis ëm esou méi Iech d’nächst Joer den Weekend vum 22. August zu Meechtem an zu Nëttel begréissen ze kënnen.

d’ Comitée vun der Entente des Sociétés Meechtem an der Union des Jeunes Meechtem.

Infoen (Detailer) op  info@machtum-entente.lu