Zum Inhalt springen

Domaines Vinsmoselle gouf am Joer 1966 gegrënnt. Mat enger Ubaufläch vun iwwer 800 Hektar an engem Undeel vun ongeféier zwee Drëttel vun der nationaler Wäinproduktioun ass Domaines Vinsmoselle mat Ofstand de wichtegste Produzent vu Wäin a Crémant de Luxembourg am Luxembourg. Duerch d’Villfalt vun de verschiddene Wéngerten an dat staarkt kulturellt Engagement an der Regioun kann Domaines Vinsmoselle mat Recht als Ambassadeur vun der lëtzebuergescher Muselregioun bezeechent ginn.
Domaines Vinsmoselle was founded in 1966. With a vineyard area of more than 800 hectares and producing approximately two-thirds of the national wine production, Domaines Vinsmoselle is by far the most important producer of wine and Crémant de Luxembourg in the Luxembourg.
Due to the diversity of its different vineyard sites and its strong cultural engagement in the region, Domaines Vinsmoselle can certainly be considered an ambassador of the Luxembourg Moselle region.

De Wënzerbetrieb Schlink Domaine Viticole un der lëtzebuergescher Musel besteet zanter 1911. De René Schlink huet 1993 de Wënzerbetrib vum Jean Schlink-Hoffeld iwwerholl. No senger Ausbildung als Wéngertstechniker zu Avize(Champagne) an zu Bad Kreuznach (Rheinland) schafft och Jean‑Marc Schlink am Familljebetrib. Zesumme mat Beruffskolleegen gouf 2007 d’Wäinsigel Charta der Privatwinzer agefouert.
D’Spezialitéite vum Schlink Domaine Viticole sinn dréche Wäisswäiner, Rosé- a Routwäiner souwéi Crémant de Luxembourg. An der „Wäistuff Deisermill“ mat enger pittoresker Vue op d’Machtumer Moselschleife kann de Gaascht e Glas Wäin oder Crémant genéissen oder eng Wäinprouf mat engem Wënzerteller ofrënnen.
The winery Schlink Domaine Viticole on the Luxembourg Moselle has existed since 1911. René Schlink took over the winery in 1993 from Jean Schlink-Hoffeld. After completing his training as a wine technician in Avize (Champagne) and Bad Kreuznach (Rhineland), Jean‑Marc Schlink began working in the family business.
Together with colleagues, the Charta der Privatwinzer wine quality label was introduced in 2007. The specialties of Schlink Domaine Viticole include dry white wines, rosé and red wines, as well as Crémant de Luxembourg.
At the Wäistuff Deisermill, which offers a picturesque view of the Machtum Moselle Bend, guests can enjoy a glass of wine or Crémant or complete a wine tasting with a traditional winemaker’s platter.

De Familljebetrieb Pundel‑Hoffeld, deem seng Geschicht am 19. Joerhonnert ugefaangen huet, läit un e puer vun de renomméiertste Wéngerten an der Regioun. Jos Hoffeld‑Schons huet de Betrib vun 1939 bis 1967 gefouert. Vun 1967 un ass de Betrib vun senger Niess Irène Hoffeld an hirem Mann Lucien Pundel, dem Brudder vum Jupp Pundel, weidergefouert ginn. Claude Pundel huet de Wënzerhaff 2002 vu sengem Papp iwwerholl.
An de 1970er Joren goufen Pinot Blanc an Pinot Gris ugeplanzt, 1992 de bekannte Chardonnay an 1993 déi rar Drauwesort Muscat Ottonel. 1995 huet Pundel-Hoffeld fir d’éischt Schaumwäin no der traditioneller Fläschegärunghiergestallt. 1996 gouf Pinot Noir ugeplanzt. Zanter 1999 baut Claude Pundel en Deel vu sengem Pinot Gris als Roséwäin (Gris de Gris) aus. Zanter 2005 gehéiert hien zu de Pionéier, déi de Routwäin Saint Laurent hei am Land nees agefouert hunn. Am Joer 2000 gouf déi nei Wäistuff a Betrib geholl.
The family winery Pundel‑Hoffeld, whose history began in the 19th century, lies alongside some of the most renowned vineyards in the region. Jos Hoffeld‑Schons managed the estate from 1939 to 1967. From 1967, the winery was continued by his niece Irène Hoffeld and her husband Lucien Pundel, brother of Jupp Pundel.
Claude Pundel took over the estate from his father in 2002. In the 1970s, the grape varieties Pinot Blanc and Pinot Griswere planted, followed by the well-known Chardonnay in 1992 and the rare Muscat Ottonel in 1993.
In 1995, Pundel-Hoffeld produced sparkling wine using the traditional bottle fermentation method for the first time. Pinot Noir was planted in 1996. Since 1999, Claude Pundel has produced part of his Pinot Gris as a rosé wine called Gris de Gris. Since 2005, he has been among the pioneers who reintroduced the red wine Saint Laurent in Luxembourg. In 2000, the new wine tavern was opened.